Um Bols - Lëtzebuerg virun de Chamberwalen
Vun allen Industrieberäicher ass d‘Zementindustrie eng vun deenen, déi am meeschten CO2-Emissioune produzéieren. Déi geplangten Dekarboniséierung fir de Klimaschutz stellt och déi Lëtzebuerger d'Zementindustrie virun e groussen Challenge. De Jacques Ganser huet d‘Cimalux-Wierk zu Rëmeleng an Esch besicht.
Reportage: Jacques Ganser
Fotoen a Video: Jo Diseviscourt
An der Karriär zu Rëmeleng, op der lëtzebuergesch-franséischer Grenz, fänkt alles un: Tonnen u Gestengs gi lass gesprengt, Kalleksteen aus ale Koralleriffer gi fräigeluecht, ee Grondmaterial fir d’Zementproduktioun. De Kallekstee gëtt duerno per Fléissband erof an d’Zementwierk transportéiert. An engem risegen Dréiuewen entsteet dann d’Grondmaterial vum Zement.
De Klinker ass och d’Haaptsuergekand vun der Zementindustrie: Fir Klinker ze produzéiere brauch et vill Hëtzt. De Kuelestoff, deen den Uewen hëtzt, gëtt zu engem gudden Deel duerch anert Material ersat: Organesch Offäll, al Pneuen, gedréchente Klärschlamm a Léisungsmëttel. Den Undeel u fossille Brennstoffer kann doduercher reduzéiert ginn.
D’Zementindustrie ass wéinst deem Prozess d’Klima-Suergekand. Ëm déi siwe Prozent vun de globalen CO2-Emissioune ginn op dës Industrie zeréck. Wéinst dem cheemesche Prozess kann dës CO2-Emissioun ne t wierklech reduzéiert ginn, ouni datt den Zement an duerno de Bëtong u Qualitéit verléiert.
ZumZum Deel gëtt probéiert, de Klinkerundeel ze reduzéieren oder ze ersetzen. Cimalux produzéiert dowéinst zanter dem leschte Joer kee Portland-Zement méi, eng Zort, mat ganz héijem Klinker-Undeel. Carbon Capture and storage, also d’Opfänke vum CO2, ass dofir de Wee, deen een an dësem Secteur wëllt goen.
Well fir dës Prozedur vill Sauerstoff gebraucht gëtt an nei Technologien agesat ginn, wäert och den Investitiounsopwand ganz héich ausfalen.
An der Zementindustrie erwaart ee sech also Äntwerte vun der Politik: Iwwer Pipelinë soll den CO2 dann entweder ënner dem Fong vum Mier gespäichert ginn, oder awer aneren Industrien als Matière première déngen. Eent ass awer sécher: bis 2050 muss eng Léisung fonnt ginn.