Diese Website verwendet Funktionen, die Ihr Browser nicht unterstützt. Bitte aktualisieren Sie Ihren Browser auf eine aktuelle Version.
Pageflow

D’Schoul huet nees ugefaangen. An d’Alphabetiséierung op Franséisch geet virun. Zanter dëser Rentrée kënne Kanner an dräi weidere Grondschoulen och op Franséisch Liesen a Schreiwe léieren. An der Nelly Stein Schoul zu Schëffleng wësse si schonn, wéi dat geet. Do leeft de Pilotprojet vun der franséischer Alphabetiséierung elo am zweete Joer.

Built withPAGEFLOW

Um Bols - Lëtzebuerg virun de Chamberwalen

Schoulrentrée ... op Franséisch

D’Schoul huet nees ugefaangen. An d’Alphabetiséierung op Franséisch geet virun. Zanter dëser Rentrée kënne Kanner an dräi weidere Grondschoulen och op Franséisch Liesen a Schreiwe léieren.

An der Nelly Stein Schoul zu Schëffleng wësse si schonn, wéi dat geet. Do leeft de Pilotprojet vun der franséischer Alphabetiséierung elo am zweete Joer.

Reportage: Pierre Reyland

Fotoen: Jo Diseviscourt

D’Léierin Sarah Scholtes an déi eelef Kanner an hirer franséischer Filière sinn elo am zweete Joer vum Cycle 2 an der Nelly Stein Schoul zu Schëffleng. Hei hat de Pilotprojet vun der Alphabetiséierung op Franséisch virun engem Joer am Cycle 2.1 ugefaangen.

Virun engem Joer konnten d'Kanner nach net vill Franséisch, well déi allermeescht doheem Portugisesch schwätzen. Wat huet dat éischt Joer nach alles gewisen?

0:00/0:00

Dat ass och deenen aneren dräi Pilotschoulen opgefall, wou d’franséisch Alphabetiséierung dës Rentrée am 2.1 ugelaf ass - zu Déifferdeng, Diddeleng an an der Fiels.

Wat am zweete Joer natierlech elo méi derbäi kënnt, wou méi de Fokus drop ass, ass ganz kloer dat Schrëftlecht.”

Sarah Scholtes

De Kilian zielt eis, wat hie bis elo geléiert huet.

Déi véier Grondschoulen, déi am franséischen Alphabetiséierungsprojet matmaachen, kréien Hëllef vun den internationale Schoulen, wou d’Kanner schonn zanter Joren och op Franséisch alphabetiséiert ginn.

0:00/0:00

Eng vun de Kriticken, déi vun de Géigner vum Projet dacks formuléiert gëtt, ass, datt d’Lëtzebuergesch ze kuerz géif kommen. Dat léisst d’Sarah Scholtes awer net gëllen. An den Niewefächer, wou déi franséisch an däitsch Gruppen net méi getrennt sinn, mee zesummekommen, ass d’Langue véhiculaire nämlech Lëtzebuergesch.

Lëtzebuergesch ass am Fong nach ee Mol valoriséiert ginn.

Sarah Scholtes

Am Summer huet den Educatiounsminister Claude Meisch annoncéiert, datt wann hie Minister géif bleiwen, all d’Grondschoulen zu Lëtzebuerg eng franséisch Alphabetiséierung sollen ubidden.

0:00/0:00

Éischt Erkenntnisser iwwer déi franséisch Alphabetiséierung an de Grondschoule soll de LUCET, de Luxembourg Centre for Educational Testing vun der Uni Lëtzebuerg, d’nächst Joer am Fréijoer virleeën. Fir 2026 ass en éischten, méi grëndlechen Tëschebilan virgesinn.